| |
FUNFAIR.LU SCALE MODELS
D'Iddi
 |
|
Endlech as ett suwait! Op den folgenden "gielen Saiten" présentéiren mier Iech eis Stad matt Kiermes, Zirkus, Krëschtmaart, etc. am Miniaturformat. Den Moosstab as 1:87, fier d'Modelleisebunnfrenn also d'Gréisst H0 an am Ablack si mer voll am Opbau. |
Am Modell wellen mier also suwuel eng Kiermes wéi en Krëschtmaart an och aaner Eventer duerstellen, ganz de Joereszaiten noo, an emmer am städtechen Kontext matt Gebaier, Stroossen, Autoen, Zich, Trambunnen an enger Seelbunn. Dofier hu mer eng fiktiv Miniaturstad kreéiert respektiv mir sinn dobai se entstoen ze loossen... |
|
 |
|
 |
|
Eis Stad. an Kiermesmodeller an der Echelle 1:87 sollen all beliicht gin an d'Kiermesattraktiounen sollen och dem Original entspriechend funktionnéiren. Dofier suergen agebauten Motoren. Verschidden Kiermesmodeller sin vun den Firma'en FALLER, VOLLMER, IHC, Original oder emgebaut an emgemoolt... Mier versichen ower och Eegenbauten opzestellen... |
Loost Iech also iwwerraschen an verfolegt HEI gespaant den "Opbau" suwuel vun eiser Stad selwer wéi och vun eiser Kiermes. Sou, an elo geet ett lass mam bauen. Mier hoffen datt mier relativ zügech virun kommen an wenschen Iech vill Spaass beim Entdecken... |
|
 |
|
|
|