history press goodies search
 
     
 
change language:        
 

 

 

SERVICE CENTER - HISTORY

Kiirmes, Joermaart an Volleksfest


Kiirmes, Joermaart oder Voleksfest sin drai Wierder matt engem ennerschiddlechen Uersprong déi haut dach ower oft glaichbedéitend sin matt Amüsement, Entspaanung oder Spaass an Fun.

 

Den Begreff Kiirmes staamt uersprünglech vun “Kierchemess”, d.h. dem Kierchewaihfest waat den Daag wor wou di jeweileg chreschtlech Duerfkierch (respektiv dem Schutzpatroun dovuner) geduecht gouf. Des Kiirmes gett ett sait dem Mettelalter. A verschiddenen Stiedt gett ett méi wéi eng Kiirmes, dest hänkt domadden zesummen datt ett do och méi wéi eng Kierch gett an datt all Kierch "seng" Kiirmes huet.

 

Mettelalterleche Maart

Sait dem 12. Joerhonnert gett ett niewt der Kierchewaih och Veranstaltungen matt ambulanten Händler an Artisten. Dest woren ufänglech grouss Mäert (Joermäert well sie oft nemmen eemol d’Joer woren) déi an den Dierfer an Stiedt op gréisseren Handelsstroossen oder op den Kraizungen vun den groussen Handelsweeer oofgehaalen goufen. D’Recht fier esou een Joermaart oofzehaalen as meechtens vun engem Kinneg, Keeser oder Groof, am Cader vum Stadrecht, erdeelt gin. Den Zaitpunkt vun den Mäert wor oofhängeg vum Site oder vun der Saison. Oft goufen’t Mäert den Daag vun engem Hellegen oofgehaal, Ouschter-, Paischt-, oder Waimäert woren natiirlech nemmen bestemmten Datumer méiglech…

 

Des Mäert woren economesch suwuehl fier’t Händler wéi och fier’t Duerfpopulatioun wichteg. Verschidden Artikelen goufen ett nämlech nemmen op dese Mäert an sou huet een sech missen domadden andecken, an’t Händler hun op hirer Sait natiirlech och en Deel vun den verdengten Suen an der Stad geloos an Iessen an Iwwernuechtung bezuehlt.

 

D’Schueberfouer as ursprünglech esouen Joermaart, also keng Kiirmes am uersprünglechen Senn vum Wuert.

Niewt der Kiirmes an dem Joermaart gett ett och nach den Begreff Voleksfest. Dest sin eigentlech regional-typech Fester déi op eng laang Traditioun zereck kucken. Verschiddener hun sech am Laaf vun der Zait aus den Joermäert entweckelt. Bei desen Voleksfester gett ett och haut nach en typeschen Kréimermaart um Rann vum Festplaatz. Haut ennerscheeden sech Voleksfester eigentlech nemmen vun Stroossenfester doduech datt ett hei och grouss Fuehrattraktiounen gin. Och mussen d’Forain’ dem Publikum Ennerhaalung bidden, sos ziehlt’ Fest nett als Voleksfest. Opgemaat gin’t Voleksfester oft vum Buergermeeschter duech d’Ustiechen vun engem Béierfaass oder dem Duechschneiden vun engem Band.

Uersprünglech woren d’Kiirmesdeeg arbeschtsfrai. Ett woren eigentlech di eenzeg frai Deeg déi ett deemols gouf. D’Famill as op den Kiirmesbroot agelueden gin, ett as sech schmok ugedoen gin an ett gouf gefeiert. Dese Brauch gett ett och haut nach op verschiddene letzebuerger Dierfer. “T’as Kiirmes am Duerf” heescht ett dann an di klenger Schoulkanner hun Kiirmesméindeg Nomettes frai fier en Tour iwwert’ Kiirmes ze maan. Och ‘t Schueberfouer huet hier frai Deeg sou wéi den Fouerméinden wou vill Banken oder och d’ Gemengenpersonal nett schaffen.

 

Hämmelsmarsch 1895

Deemols wor’t Kiirmes zemols och oft di eenzeg Méiglechkeet zum Danz, an fier Lait kennen ze léiren, Supermarché an Disko gouf ett io nett. D’ Kiirmes wor also vun grousser sozialer Bedéitung. Och wor hei’t Méiglechkeet fier gewuer ze gin waat esou am Rescht vun der Welt lass wor well Radio an Telé fier sech ze informéiren gouf ett io nett. Eier am 20. Joerhonnert emmer méi mechanech Attraktiounen op’t Festplaatze koumen gouf ett vierdrun vill sou genannter “Sideshows”, wou niewt Iessen an Drenken och Wueren an Déiren viergefouert goufen, Artisten , Jongleuren an Musikanten sin opgetrueden an ett gouf Variété, Striptease and Theater gespillt. Bis an’t 60er Joeren vum 20. Joerhonnert woren och Boxbuden ganz popular.

Am Laaf vun der Zait goufen op den Kiirmesplaatzen emmer méi di neisten technech Innovatiounen engem breeden Publikum viergestallt.

 

Kiirmessonndeg em 1900...

1896 gouf ett op den Voleksfester di éischt Kinosvierstellung. Vun do aus huet sech den Kino dann weider entweckelt an gouf zum 7ième Art… Am 19. Joerhonnert huet di aktiv Bedeelegung vum Publikum ugefaangen. Di éischt Karusseller, Schaukelen, Wurf- an Schéissbuden sin opkomm. Di éischt transportable Rutsch gouf ett zum Beispill an Daitschland 1885. Um Enn vum 19. Joerhonnert huet sech och an Daitschland eng floréirend Kiirmesindustrie entweckelt. 1909 gouf di éischt transportabel Aachterbunn, d’Figur 8 Bahn vum leipziger Ingénieur Haase viergestallt. Och di éischt Rieserieder staamen aus daer Zait. 

 

D’Knuppautoen sin an Europa réicht no 1926 opgedaucht. Ursprünglech kommen des aus Amerika.

 

D’Artisten an Jongleuren vun fréiher heeschen haut Forain’ an bedreiwen hier Attraktiounen an Fuehrgeschäfter meeschten als Familljenbetrieb vum Fréihjoer bis an den Hierscht eran. An den leschten Joeren gin ett och vill Chreschtmäert wou Kiirmesattraktiounen stinn, sou datt’ Saison oft nach bis Enn des Joeres leeft an 9 bis 10 Méint dauert. Di ursprünglech Geschäfter wéi Steilwand, Variété oder Flouhzirkus sinn haut baal komplett verschwonnen. D’Aachterbunnen sinn emmer méi rasant gin an’t Rieserieder emmer méi grouss… Nemmen daat traditionnellt Holzkarussell as nach op baal allen Plaatzen ze fannen. Och op der Schueberfouer gehéiert dest zum Stamminventar, genausou wéi d’Stänn vun den Maartlait an der Allée Scheffer. Hei kann een sech, matt e besse Phantasie, vierstellen wéi’t Foer fréiher wor.

 

Zu Letzebuerg, an der Belsch, Daitschland oder Holland gin’t Kiirmessen oft vun engem Placier zesummen gestallt. An aaneren Länner, wéi zum Beispill an Nordamerika oft vun nemmen engem eenzegen Forain.

Dest sin grouss regional Kiirmesfirmen, sou genannten “Carnivals” déi per Convoi vun Stad zu Stad zéihen (vu Süden aus am Summer an den Norden an dann zereck an den Süden), ähnlech wéi en Zirkus. An Amerika gett ett iwwregens op villen Carnivals och nach en Zirkus deen mattzitt. An Amerika gin d’Carnivals och oft ausserhalb vun den Uertschaften, op der Wiss oder an den Felder oofgehaalen. An Europa sin d’Kiirmessen io gréisstendeels emmer an den Stied waat och hieren Charme ausmecht. An Frankraich allerdings zéihen d’Kiirmessen oft eraus op Foires’terrain’ waat suwuehl dem Image wéi och dem Emsaatz schued.

 

Düsseldorf 200: eng modern Kiirmes haut!

 

Economesch gesinn hun’t Kiirmessen an’t Voleksfester eng grouss Bedaitung. D’Entrée op’t Plaatz as am Prinzip frai (aanescht wéi bei engem Park), bezuehlt gett bei der jeweileger Attraktioun. Normalerwis sin’t Praiser fest, Reductiounen gett ett op Familljendeeg oder wéi op der Schueberfouer de leschten Daag. As groussen Undrang un de Geschäfter, sin’t Fahrten bei selwechtem Prais, entspriechend manner laang. Op der Tilburgse Kermis an Holland gett dogéint bei groussem Undrang méi en héichen Prais gefroot. Ondenkbar zu Letzebuerg oder an Daitschland, wou alles bestemmten Regelen an Normen ennerlait! An den leschten Joeren sinn dann och, zur Freed vun villen Visiteuren, sou genannten Daageskaarten oder Sammelkaarten opkomm. Matt desen Kaarten kann een dann ee Geschäft den ganzen Daag sou oft een well benotzen, oder wann een 3 Fahrten op enger Attraktioun mecht as di véiert fier naischt.

D’Kiirmes, den Joermaart oder d’Voleksfest hun och haut nach -oder grad haut- en wichtegen economeschen Stellewert. An enger hedonistescher Gesellschaft an matt Visiteurszuehlen am Milliounenberaich sin des Veranstaltungen wichteg Ennerhaalungsbetrieber déi och vun den Stiedt an Gemengen geschätzt gin. Enger Etude vum Deutschen Schaustellerbund no goufen ett 2002 178 Milliounen Visiten op Voleksfester an all Visiteur huet an der Moyenne 22 Euro op de Kapp ausginn.

 

SERVICE CENTER - HISTORY

Vum Ritterspill zum Karussell


De Begreff Karussell staamt vum franséischen Carrousel. En as vum italieneschen garosello an spuenechen carosella oofgeleet, déi wuert-wiertlech „klenge Krich“ bedaiten. Hei lait och den Uersprong vun der Konstruktioun „Karussell“. Tierkech an arabesch Ritter  hun am 10. Joerhonnert un enger spezieller Konstruktioun fier den asaatz am Krich trainéiert. Och d´Ritter am Mettelalter hun matt Hellef vun esouengem Karussell trainéiert. Bei deser Konstruktioun as ett drem gaangen datt d´Ritter hu missen matt enger Lanz, Reng duerchzestiechen déi un engem sou genannten Karussell houngen. Des Karusseller sin allerdengs laang Zait, aus strategeche Grenn, hannert den decke Schlassmaueren vestoppt bliwwen.

Place du carrousel, Paris

Ett woren ´t Fransousen déi des militärech „carrousels“ am 17. Joerhonnert an´t Oeffentlechkeet bruecht hun. Als carrousel goufen Ritterkämpf bezeechent déi zu Eihren vun Kinniken op öffentlechen Plaatzen opgefouhert goufen. Hei sin Ritter matt hieren Lanzen géinteneen ugetrueden, hun sech un Geschecklechkeetsspiller entrainéiert, oder ett gouf matt parfüméierten Bäll openeen geschoss, sou datt een den Verléirer wuert-wiertlech „richen“ konnt. Sou as zu Parais zum Beispill den Place du Carrousel enstaanen, an Erennerung un en „carrousel“ deen zu Eihren vum Kinnek Louis XIV den 5. an 6. Juni 1662 opgefouhert gouf.

Iwwregens dréihen di meeschten Karusseller haut nach emmer géint den Senn vun der Auer. Dest huet seng Begrennung an der Funktiounsweis vun der ursprünglecher Ritterkonstruktioun: well di meeschten Ritter Rietshänner woren hun sie hier Lanz riets gedroen sou datt ett logesch wor datt den Karussell géint´Auer dréihnt. Nemmen hautzedaags sin di richteg Päerd vun deemols duerch Holzpäerd ersaat gin.

Daat éischten Karussell als Amüsementskonstruktioun sou wéi mier ett haut kennen as wahrscheinlech am 17. Joerhonnert  an der Stad Philippopolis (dem hautegen Plowdiw an Bulgarien) enstaanen. Ett wor u sech en horizontal platzéiert Rad waat, duerch Menschekraaft ugedriwwen, sech em seng vertikal Axe gedréihnt huet. Um baussene Rand vum Rad woren Setzer ubruecht wou Kanner konnten dra setzen.

Su huet sech d´Karussell lues an lues vun engem Ritterspill zu enger Vergnügungskonstruktioun entweckelt. Am 18. Joerhonnert hun suwuel den Carrousel als Ritterspill wéi och als mechanecht Carrousel niewenenaaner bestaan.

Am fréihen 19. Joerhonnert, em 1837, huet den Woonbauer Michael Dentzel sain éicht Karussell gebaut. Och den Heyn an Daitschland, an den Bayol an Frankraich, hun em des Zait mam Karussellbau ugefaangen. Mee och an England huet sech lues an lues eng Karussellbautraditioun entweckelt.

Bei all desen éichten Karusseller hun´t Déirefiguren un Staangen oder Ketten gehaangen an sin duech´t Centrifugalkraaft beim Dréihen no baussen geschwonge gin. Ugedriwwen goufen des Karusseller entweder duerch Déiren oder vun Menschen.

An der Mett vum 19. Joerhonnert koumen dun di éichten Karusseller matt enger Bueden plattform op. Bei desen woren d´Figuren an´t Setzer op enger Plattform no um Bueden fixéiert. D´Plattform selwer wor un enger zentraler Axe ubruecht. Des Karusseller woren emmer méi oft vun Machinen ugedriwwen. Och huet oft eng Musikkappell fier déi musekalech Ennerhaalung gesuergt.

Daat éichten motoriséiert Holzkarussell gouf vum Thomas Bradshaw gebaut an vun enger Dampmachine ugedriwwen. Ett as den 1. Januar 1863 zu Bolton an England a Betrieb geholl ginn. Mee sou richteg huet´Karussell d´Welt eréicht vun Amerika aus erobert an zwor duerch dem Michael Dentzel sain Jong, den Gustav Dentzel. Den Gustav as an den 1850er an Amerika ausgewandert, matt am Gepäck engem Karussell. Zu Philadelphia huet hien an den 1860er ausprobéiert wéi sain Karussell beim Public ukennt, an ett wor en Succès.

Carrousel aus dem Joer 1843

Su lues sin dun och aaner europäech Karussellbauer an Amerika komm, zesummen matt Handwierker déi den Grondsteen geluet hun fier déi haut typech handgeschnitzen an handgemolten Dekoratiounselementer.

An Amerika hun sech sou verschidden Schoulen entweckelt. Sou gouf ett den Philadelphia Style, den Coney Island Style, oder och den Country Fair Style.

Di klassech Holzpäerd matt hierer Op- an Oofbewegung gin ett sait 1880 an hieren Undriw gouf eigentlech vun der Landmachinefabrek Savage erfonnt.

Detail vun enger Dekoratioun un engem Karussell

D´Glanzzait vun der helzerner Karussellbaukonscht wor um Ufank vum 20. Joerhonnert. D´Konstruktiounen sin emmer méi grouss, an technesch méi ausgefeilt gin, an och d´Figuren an´ t Dekoratiounselementer sinn emmer méi pergektionnéiert gin. Virun allem an Amerika sin´t Figuren emmer expressiver gin.

Sait dem Ufank vum leschten Joerhonnert hun sech ´t Karusseller emmer wieder entweckelt. Sou gin ett haut zum Beispill – virun allem an Frankraich – och Duebelstack-Karusseller, an´t Bezeechnung Karussell gett haut och fier allméiglech Kiirmeskonstruktioun gebraucht. Den richtegen Terme fier des Attraktiounen as eigentlech Fuehrgeschäft. Hei gett dann nach tescht Ronn- an Héichfuehrgeschäft ennerscheed.

Daat eelsten Karussell an Europa waat haut nach fonktionnéiert steeht zu Prag am Letna Park. Daat klengsten (Himmelskibet) steeht am Tivoli zu Kopenhagen. An Kaliforniern gett ett mettlerweil suguer Karusseller déi vun Solarenergie ugedriwwe gin. Gebaut goufen des iwwregens vun den Nokommen vum Michael Dentzel.

 

SERVICE CENTER - HISTORY

Vum Kannerrad zum Rieserad


Ferris Wheel, 1893

Daat éischten modernt an hallewwegs transportabel Rieserad gouf vum Pittsburgher Breckebauer George Washington Gale Ferris Jr fier’t World’s Columbian Exposition –d’ Weltausstellung » vun Chicago vun 1893 gebaut. Genau wéi den Eiffeltuurm vun 1889 wor och des Konstruktioun eng technesch Meeschterleechtung. Ett as deemno op den Ferris wou di englesch Bezeechnung « Ferris Wheel » fier Rieserad hierkennt.

Dem Ferris sain Rad wor fier deemoleg Verhältnisser gigantech. Ett wor 264 Fouss (80 Meter) héich, haat en Raddiameter  vun 250 Fouss (76 Meter) an haat 36 Gondelen déi je 60 Persounen konnten ophuelen (20 Setzplaatzen an 40 stoend). Een Tour wor an 10 Minuten gemaat an huet 50 Cent kascht.

Dest Rieserad as no der Weltausstellung vun Chicago 1894 oofgebaut gin an bei der Weltausstellung vun St. Louis nees matt groussem Opwand opgebaut gin. Leider as d’Rad 1906 do oofgebaut an verschrott gin.

Kuerz nom Ferris sengem Rad hun d’Ingenieuren Gaddelin an Watson zu London Warls Court 1895 och en Rieserad (85 Meter, 40 Gondelen) gebaut waat och bis 1906 do stoung. Och zu Wien as 1897 daat (nemmen) 65 Meter héich Rieserad am Wiener Prater matt uersprünglech 30 Gondelen (haut leider nemmen méi 15) opgeriicht gin, an och op der Weltausstellung zu Parais 1900 as ett en Rieserad matt 100 Meter! Diameter an 40 Gondelen gin. D'Fondatiounen vun desem Megarad woren 25 Meter déif! Leider as och dest Rieserad oofgerappt gin, an daat 1937.

Mee hei gesait een datt em d'Joerhonnertwenn d'Stiedt sech en Konkurenzkampf geliweert hun an deem sie, duerch emmer méi héich Rieserieder hier technesch Iwwerleenheet wollten weisen. Dofier as d'Roll vum Rieserad als teschnech Bauwierk nett ze negligéiren.

An daer Zait sin och di éischten transportabel Rieserieder entweckelt gin. Sou as den Emil Bruch sait 1896 op't rees gaangen matt engem vun deenen éischten transportablen Rieder an vun Kiirmes op Kiirmes gereest, zur Freed vun Grouss an Aal. Datt éischten Rad vun der Famill Bruch wor 12 Meter héich an di 10 Gondelen sinn matt Muskelkraaft bedriwwe gin. Vun 1900 un as en Diesel Motor dobai komm an dono gouf op Elektizitéit emgestallt.

Riets: transportabel Riederad vun der Famill Bruch em 1896 (photo: Archiv Famill Bruch)

 

Den Prinzip « Rieserad » as allerdengs schons virum Ferris erfonnt gin. Déi éischt konkret Ernimmung vun enger Rieseradkonstruktioun staamt aus dem 17. Joerhonnert wou an der bulgarecher Stad Phillipopolis (haut Plovdiv) en Riesenrad fier Kanner gesi gouf. Vlait gouf ett ower och schons vierdrun Rieserieder...

"Petersburger Schaukelfest" ( Kopperstech vum D. Chodowiecki, 1794)

 

Di éischten Bezeechnung vun de Rieserieder as "russesch Schaukel", dest lait wuehl dorunner datt di éischten Rieserieder keng richteg "Rieder" an deem Senn woren, mee éischter Schaukelen, e bessen esou wéI d'Konstruktiounen an den Häfen fier di schwéier Saachen ze hiewen, oder Waassermillen.

Bei den Schaukelen woren ett fier't Eischt zwee paralell vertikal Kraizer un deener Setzer festgemaat woren déi ronderem eng horizontal Axe gedréihnt hun. D'Axe wor un zwee horizontalen Stützen befestegt.

Des kleng Rieserieder hun sech dun vun Russland aus och no Europa verbreet. Sou gouf ett zum Beispill esou een Rieserad schons 1873 am Wiener Prater. En Beleg fier en Rieserad waat effektiv aus zwee parallelen Rieder bestaanen huet gett ett vun 1830. Dest Rad hat 8 Gondelen fier jeweils 4 Persounen.

Sait dem Ferris sin d’Rieserieder Konstruktiounen aus Stohl déi aus zwou bis véier schréien Stützen bestinn déi un enger nett ugedriwwener Radnuerb zesummenlaafen. Des Nuerb dréit daat eigentlecht Rad. Ugedriwwen gin Rieserieder duerch Elektromoteuren déi am ennechten Entréesberaich ennerbruecht sin.

Ett ennerscheed een drai Typen vun Rieserieder: stationär Rieder, transportabel Rieder matt Fondatioun an transportabel Rieder op Unhänger.

Paris: Weltausstellung 1900 mat Rieserad rechts hannen

 

London Eye, 2007

Stationär Rieserieder hun fest Fondatiounen aus Beton an kennenem di 180 Meter héich gin. Daat wuehl bekanntesten stationärt Rieserad as daat 1897 erbauten Wiener Rieserad am Prater.

Daat hechst stationärt Rieserad an Europa as mat 134 Meter den London Eye. Daat gréisst Rieserad vun der Welt matt 160 Meter steht sait dem Januar 2006 zu Nanchang an China.

2008 soll zu Berlin en 175 Meter héicht Rieserad ageweiht gin an zu Las Vegas an Singapur sollen 182 an 178 Meter héich Rieserieder entstoen.  

 

 

Transportabel Rieserieder matt Fondatioun bestinn aus enger Fondatioun um Niveau vum Buedem déi matt Gewiichter (haaptsächlech Waassertanken) beschwéiert gett fier datt’ Rad nett „ewech rutscht“.

An sait den 1960er Joeren erlaaben nei Stohlkonstruktiounen och bei den transportablen Rieder méi an't Héicht ze goen.

Rieserad matt 16 Gondelen vun 1960 (photo: Archiv Famill Bruch)

Des Rieder gin bis 60 Meter héich. Daat hechsten transportabel Rieserad as daat 1980 vun der Firma Kocks aus Bremen gebauten Steiger Riesenrad matt 42 Gondelen. Dest Rad gett vun der Firma Steiger aus Oeyenhausen bedriwwen. 

Roue de Paris op dem Place de la Concorde, 2000

An d'Reih vun deenen héigen Rieder reihen sech och nach an:

d’ Mega Wheel Millenium Star vum Schwaitzer Forain Hablützel, Bayrisches Riesenrad (Willenborg), Münchner Riesernrad (Willenborg), Bellevue (Oscar Bruch jr), Europa Rad (Willi Kipp) an Roue de Paris (sos Place de la Concorde, elo zu Bangkok).

Transportabel Rieserieder op Unhänger kennen bis groussen Maximum 50 Meter héich gin. Hei sin’t Stützen direkt op engem Unhänger montéiert. D’Unhänger gin dann niewend eneen opgestallt, ennereneen verbonnen an d’Stützen gin hydraulech opgeriit.

An den USA gin ett och nach vereenzelt sou genannten Double an Triple Wheels matt Gondelen déi „rutschen“. Eent vun desen Rieder (150 Fouss, also 45 Meter héich) as 1920 op Coney Island gebaut gin an steeht haut nach am Deno’s Wonder Wheel Park zu Brooklyn. En Nobau vun desem Rad as am Disney California Adevnture Park zu Anaheim/Kalifornien ze fannen.

 

SERVICE CENTER - HISTORY

Vun den "russeche Bierger" zu der Hightech Aachterbunn


Den Uersprong vun den Aachterbunnen lait am 16. Joerhonnert an Russland (virun allem ronderem St Petersburg). Hei sin Ooffahrten matt Waasser iwwergoss gin waat bei Minustemperaturen gefruer as sou datt een d´Bierger matt Decken oder Schlitten konnt eroof rutschen. Den Napoleon huet des Fraizaitbeschäftegung vun sengen Feldzich als „montagnes russes“ („russech Bierger“) no Frankraich bruecht.

 

Sou huet een enner aanerem an Frankraich um Enn vum 18. Joerhonnert ugefaangen d´Decken an d´Schlitten duerch Ween matt Rieder ze ersetzen an´d Bunnen sin aus Holz gebaut gin. Sou as 1812 zu Parais eng vun den éischten „Schwéierkraaftbunnen“ entstaanen.

 

Thompson Switchback Gravity Pleasure Railway, 1884

1827 huet d´Biergbaufirma Summit Hill vun Pennsylvania d´Mauch Chunk Gravity Railroad, eng 14 Kilometer laang ooffaalend Streck gebaut déi uersprünglech fier den Transport vun Kuehl denotzt gouf. Vun 1850 uns as d´Streck dann als Vergnügungsanlag genotzt gin wou een fier 50 Cents de Bierg konnt eroofbrausen.

 

Keng vun desen Bunnen wor allerdengs en zouenen Circuit.

Op der Iddi vun der gravity railroad huet den LaMarcus Adna Thompson den éischten a sech zouenen Circuit als Aachterbunn op Coney Island gebaut. Des Switchback Gravity Pleasure Railway  as 1884 op gaangen. 1885 huet dun den Phillip Hinkle den Prinzip vum Lift Hill agefouhert. Déi éischt Aachterbunn an Form vun enger Aacht as 1898 op Coney Island entstaanen.

 

Déi éischt „richteg“ Aachterbunnen woren Holzkonstruktiounen bei deenen d´Ween den éischten Hiwwel (Lift Hill) matt engem Kettelift erop gezu goufen an den Rescht vun der Streck nemmen matt Hellef vun der Schwéierkraaft duerchgefuehr sin, basíernd op dem physikaleschen Prinzip datt aus der potentieller Energie kinetesch Kraaft gett wann´t Ween de Bierg oof rullen. Beim nächsten Hiwwel gett aus der kinetescher Energie dann erem potentiell Energie déi natiirlech manner staark as wéi bei der éischter Ooffahrt well io en Deel vun der mechanecher Energie duerch Reiwung verluer gaangen as. Su duerchfuehren also d´Ween di komplett Streck vum éischten (an hechsten) Hiwwel, bis zum Leschten.

 

Um Ufank vum 20. Joerhonnert huet den Leipziger Ingenieur Haase seng transportabel „Figur 8 Bahn“ (1909) présentéiert.

Déi éischten Aachterbunn matt Ween bei deenen zusätzlech zu den Rieder ennert den Ween och nach Rieder vun den Ween ennert de Schinnen ubruecht woren (underfriction coaster) déi en Entgleisen vun den Ween verhenneren, as 1912 vum John Miller gebaut gin.

 

Wann die daitsch Bezeechnung Achterbahn op´t Form vum Streckeverlaaf zereck geet, den franséische Begreff montagnes russes un den historeschen Uersprong erennert, sou staamt den englechen Begreff rollercoaster vun der Kescht respektiv dem Woon (coaster) deen iwwert´Streck rullt.

Figur 8 Bahn vum Hugo Haase, 1909

 

Bis zum Boursencrash vun 1929 as virun allem an den USA d´Aachterbunn wieder entweckelt gin. Zum Holz as dun nach Stoohl als Material dobai komm. Dest neit Material huet vill nei Figuren erméiglecht déi nett matt Holzkonstruktiounen kennen gebaut gin.

Sou ennerscheed een haut zwou Haaptgruppen, d´Holzbunnen (wooden coaster) déi baal nemmen stationnär gebaut kenne gin, an den Stoohlbunnen (steel coaster) déi suwuehl stationnär wéi och transportabel kenne sin. Stoohlaachterbunnen laafen méi liicht an erméiglechen verschidden Fuehrelementer. Holzaachterbunnen (woodies) ratteren méi iwwert d´Bunn, sie sinn also méi rau. Holzbunnen hun doduech och haut nach e ganz besonnechen Reiz.

 

Duech di vill Méiglechkeeten déi Stoohl erlaabt gett ett haut eng Aberzuehl un verschiddenen Aachterbunnstypen. Niewt dem traditionnellen steel sit-down coaster (matt klassechen Ween wou een dra setzt wéi an engem Auto), gett ett och Aachterbunnen wou een ennert de Schinnen hängt, déi sou genannten inverted- oder suspended coaster, oder coaster wou een dra steeht, den stand-up coaster oder och nach dra lait, den flying coaster

 

Och un den verschiddenen Arten fier d´Aachterbunnen unzedraiwen kann een des ennerscheeden. Sou ginn ett Bunnen déi matt engem Lift (Kettelift, Kabellift oder Vertikal-Lift) héichgezu gin an dann d´Streck duech d´Schwéierkraaft zereck leen, oofgeschossen Bunnen (launched coaster) oder powered coaster déi matt Motoren bedriwwe gin an hieren Trajet matt Hellef vun desen meeschteren.

 

An dann gin ett io och nach Waasserbunnen, di sou genannten flume rides op déi mier hei ower nett wieder wellen agoen.

 

Loop the Loop am Olentangy Park bei Columbus

Och d´Zuehl vun den Fuehrelementer hellt emmer zou. Niewt dem klassechen Looping gin ett och nach aaner Iwwerschlagselementer wéi corkscrew (Schrauw), Drive Loop (halew Schrauw + halwe Looping) , zero G roll (Inversioun bei daer de Kierper an apesenteur as). Iwwregens as schons Mett vum 19. Joerhonnert versicht gin Loopinger an enger Holzaachterbunn anzebauen. Den Flip Flap am Sea Lion Park zu Brooklyn haat 1895 esou een Looping. Och den Loop the Loop am Oleantangy Park bei Columbus am Ohio wor eng Loopingbunn. Allerdengs woren des Bunnen duech hier Loopinger liewensgeféiherlech und d´Experiencen matt den Loopinger goufen opgin bis en sech em 1960 nees un des Konstruktiounen eru gewoot huet.

 

D´Fehler vun den fréihen Loopingbauer woren datt sie en Krees gebaut hun. An den 60er Joeren huet dun den daitschen Aachterbunnsgenie Werner Stengel erausfonnt datt beim Looping d´Ann- an Ausfahrten méi laang musse sin wéi um Sommet fier datt sie agreabel ze fuehren sin. Déi éischt esou gebauten Loopingbunn vum Hiersteller Anton Schwarzkopf wor den Revolution deen 1976 am Six Flags Magic Mountain an den USA opgaangen as.

D´Secherheet bei den Aachterbunnen huet sech och am Laaf vun den Joeren emmer verbessert. Well di meeschten Bunnen io duech´t Schwéierkraaft funktionnéiren kann ett mol geschéihen datt en Zuch en Bierg nett packt an zereck rullt (rollback). Bei Bunnen wéi dem Boomerang oder den Shuttle Coaster as dest ausdrecklech gewenscht an Deel vum Programm, mee bei aanere Bunnen kann dest duech eng ze kleng Vitess oder Verschlais un den Ween geschéihen. Déi meeschten Bunnen sin fier dese Fall matt extra Bremsschwerter equipéiert déi beim zereck rullen erausfuehren an den Zuch blockéiren. Ett as allerdengs och schons vierkomm datt Zich zereck gerullt sin an aus der Bunn hun missen eraus geschweest gin. Fier en Zereckrullen um Lifthill ze verhenneren gett ett den sougenannten safety dog. Desen erkennt een akustech un dem charakteristechen „Rattern“ vum Lift wann den safety dog an´t Ketten eragraift.

Well di meeschten Aachterbunnen matt méi Ween oder Zich funktionnéiren sin sie matt engem Blockéirungssystem equipéiert waat verhennert datt Ween aneneen kenne rennen. Bei desem System as di ganz Streck an verschidden Sektoren ennerdeelt an ett daerf sech all Kéiers nemmen een Zuch pro Block ophaalen. D´Zich gin vun engem Sensor erfaast an den Computer vun der Bunn regelt den Verkéiher. Um Enn vun all Sektor besteeht dohier d´Méiglechkeet en Zuch unzehaalen, entweder duech Bremsen oder d´Stoppen vum Lift, oder doduech datt een keen Zuch méi aus der Gare erausfuehre léisst. Am Fall vun enger Anomalie enclenchéiert den Computer eng vun den viergesinne Secherheetsmesuren. Bei Bunnen matt zwee Zich gett dohier oft matt der Ooffahrt vum zweeten Zuch gewaart bis datt den Zuch eent d´Streck hannert sech huet an prett as fier nees an´t Gare eran ze fuehren.

Déi gréissten an spektakulärsten Aachterbunnen stin  haut haaptsächlech an de Parken (virun allem an den USA). Bei den transportablen Anlagen steeht natiirlech d´Wirtschaftlechkeet am Vierdergronn sou datt des an akzeptablen Delaien kenn op- an oofgeriit gin an och keng ze grouss Plaatz anhuelen well ett des op deenen meeschten Plaatzen nett gett.

Aachterbunnbauen as eng Wessenschaft fier sech. D´Designer mussen suwuehl di physikalech Gesetzer beherrschen wéi och den Nerv vum Publikum treffen.

Déi hechst an schnellsten Aachterbunn as den 2005 erbauten Kingsda Ka (139 Meter héich an 206 km/h schnell) am Six Flags Great Adventure zu New-Jersey. Déi hechste Bunn vun Europa as matt 73 Meter den Silver Star am Europa Park zu Rust vun 2002, an déi schnellsten matt 128 km/h as den Stealth am Thorpe Park an England (sait 2006). Déi hechsten Holzaachterbunn as matt 66 Meter den Son of Beast am Paramount´s Kings Island zu Cincinnati am Ohio.

Bei den transportablen Bunnen sin den 5er Looping vum Forain Barth an den Eurostar vum Bruch als technesch Meeschterleechtungen ervier ze hiewen. Mee och Bunnen wéi Alpina Bahn (Bruch) oder King (Vancrayenest) sinn als Groussbunnen op den Festplaatzen gaer gesinn.

Beim 5er Olympialooping handelt ett sech em di gréissten transportabel Aachterbunn matt 5 Loopinger vun der Welt. Ebaut as des Anlag vum Anton Schwarzkopf zesummen matt der Firma Zierer fier den daitschen Forain Rudolf Barth. Première wor 1989 op dem Münchner Oktoberfest.

Olympia Looping op dem Stuttgarter Frühlingsfest

Den Eurostar vum daitschen Schausteller Oscar Bruch as den gréissten transportablen Inverted Coaster vun der Welt, gebaut vun Intamin. Den Eurostar huet een Looping, eng Revolution an zwee Corksrew´n. Premiere wor 1995 zu Düsseldorf.

D´Alpina Bahn vum Oscar Bruch as di gréissten transportabel Aacherbunn ouni Iwwerschalg vun der Welt. Gebaut gin as d´Bunn vum Anton Schwarzkopf no den Pläng vum Werner Stengel. Premier wor 1983 zu Düsseldorf als Himalaya Bahn, dono huet d´Bunn eng Zait laang einfach nemmen Achterbahn geheescht. Déi franséich Variant vun der Alpina Bahn, wann een sou wellt (obschons des Bunnen ennerscheeden sech an verschiddene Punkten ferm) heescht Le King an gouf vun Soquet fier den Forain Vancrayenest gebaut. Vierdrun haaten Vancrayenest den 2er Looping Colossus.

 

Wilde Maus op der Schueberfouer, 2008

Een aaneren ganz beléiwte Aachterbunnstyp op den Kiirmessen as d´Wilde Maus. Des vum Pranz Mack an den 60er Joeren erfonnten Bunn besteht aus eenzelnen klengen Ween déi scharf 90 respektiv 180 Grad Kéiren huelen. Och wann hei matt relativ klenger Vitess gefuehr gett sou trieden dach relativ grouss saitlech G-Kräften op. Och e puer kleng Hiwwelen (bunny hops) gehéiren zum Pflichtprogramm vun enger Wilden Maus an suergen fier negativ Vertikal-G-Kräften.

Doduech datt´Ween méi breed sin wéi d´Schinnen an´t Kéiren rechtwenklech, kennt´Gefill op datt een aus der Bunn erausflitt, Gefill waat typech as fier des Zort Coaster. Enn den 10er an den 80er Joeren sinn ett baal keng Wilde Maus Bunnen méi ginn, mee an den 90er as en neien Boom ausgeléist gin. Och gin ett haut Well Mais matt Kutschen déi dréihen (spinning cars).

 

 

 

 
(c) 2001- 2012 funfair.lu. All material published  may not be used without prior written permission of the webmaster.